Société Municipale des Accordéonistes de Luxembourg - SMAL

Directioun: Romain KRAUS - President: Marc THILL

Up SMAL-Eis Équipe Concerts SMAL Prouwen / Répétit. Ecole de musique Newsletter Chronik SMAL Instrument Favorite Links Sitemap


Up

26.02.2014 - Generalversammlung - Assemblée générale ordinaire - Jahreshauptversammlung:

D’Société municipale des accordéonistes de Luxembourg esou lieweg an aktiv wéi zënter 1938

An hirer Generalversammlung huet d’SMAL op déi vill Activitéiten d’lescht Joer zréck gekuckt: 36 Prouwen, 13 Concert-ën uechter d’Land, d’Sprangprëssëssioun zu Iechternach an de 85. Gebuertsdag vum President Raymond Mahnen.

1938 vum Albert Moes gegrënnt, huet eise Veräin seng 75 Joer ee ganze Sonndeg laang am Alen Tramsschapp um Lamperbierg gefeiert. Fir d’Geleeënheet vun desem Jubiläum huet de Comité nei Uniformshiemer a -blousen, mat diem neien Emblem drop, ugeschaaft; d’Monique an de Fernand Buchholtz-Feitler hunn d’Cravattë fir d’Hären an d’Schale fir d’Damme gestëft.

Net vergiess sinn déi verstuerwen Aktiver an Éiremembren aus deene 75 Joer. Mat enger Gedenkminutt gi si gëéiert.

De President R. Mahnen felicitéiert d’Musikanten/-inne fir hire Succès bei alle Concert-ën a seet hinnen all Merci fir déi geleeschten Aarbecht.

Den Dirigent R. Kraus weist sech erfreet iwwert déi regelméisseg gudd besichte Prouwen all Woch. Fir di meescht Presenzen d’läscht Joer kruten de Claude Seiler, d’Rosa Pinto an de Guy Schmit eng kleng Unerkennung.

Déi finanziell Situatioun vum Veräin ass ganz gesond, d’Keess gouf exemplaresch gefouert.

Am Comité ginn d’Mandater vu Fernand Buchholtz (Vize-President), Brice Junius (Tresorier) a Monique Buchholtz-Feitler (Member) erneiert. De Comité setzt sech elo zesummen aus: Raymond Mahnen (President), Fernand Buchholtz (Vize-President), Brice Junius (Tresorier), Jenni Boettel, Monique Buchholtz, Romain Kraus a Guy Schmit (Membren).

Fir d’Joer 2014 huet d’SMAL eng Parti Engagementer am Agenda stoen: Concert-ën zu Munneref, Ettelbréck, Zéisséng, Diddeléng a Réimech, am CIPA Gréngewald zu Nidderaanven, am Haaptmann’s Schlass zu Berbuerg, bei der Sprangprëssëssioun zu Iechternach an zu Esch/Uelzecht bei der Journée nationale de l’accordéon.

D’SMAL emfielt sech, fir och op Ärem Fest, Bazar oder bei enger anerer Geleeënheet mat engem Bouquet vu bekannten a beléifte Melodien Ärem Public e kuerzweiligen Nomëtteg oder Owend ze bidden.

P1190001.jpg (104055 bytes) P1190002.jpg (97249 bytes) P1190003.jpg (100913 bytes) P1190004.jpg (94542 bytes)
P1190005.jpg (106338 bytes) P1190006.jpg (107287 bytes) P1190007.jpg (107980 bytes) P1190008.jpg (98607 bytes)
P1190009.jpg (79298 bytes) P1190010.jpg (86188 bytes) P1190011.jpg (87817 bytes) P1190012.jpg (94320 bytes)
P1190013.jpg (104624 bytes) P1190014.jpg (96348 bytes) P1190015.jpg (106619 bytes) P1190017.jpg (88402 bytes)
P1190018.jpg (107439 bytes) P1190019.jpg (96571 bytes)

 

Home ] Up ] SMAL-Eis Équipe ] Concerts SMAL ] Prouwen / Répétit. ] Ecole de musique ] Newsletter ] Chronik SMAL ] Instrument ] Favorite Links ] Sitemap ] [ E-mail Kontakt ]

Last update 09/03/2014 15:46 /         © dL + rK  - Luxembourg