Société Municipale des Accordéonistes de Luxembourg - SMAL

Directioun: Romain KRAUS - President: Marc THILL

Up SMAL-Eis Équipe Concerts SMAL JA 2023 Prouwen / Répétit. Newsletter Chronik SMAL Instrument Favorite Links Sitemap


Up

24.02.2016 : Generalversammlung - Assemblée générale - Jahreshauptversammlung

Positive Réckbléck bei der Société municipale des accordéonistes de Luxembourg

De President Raymond Mahnen huet schonn an der Begréissung vun de Membrë bei der Generalversammlung ugedeit, datt de Veräin ee positive Bilan fir 2015 opweises huet.

Mat sengem Rapport dokumentéiert den Dirigent Romain Kraus a senger Qualitéit als Sekretär, datt d’Société municipale des accordéonistes de Luxembourg mat 2015 en aarbechtsräicht Joer hanneru sech huet. De Comité war 8 Mol beienee fir d’Gestioun vum Veräin z’organiséieren. Eng zousätzlech AG war noutwenneg, fir déi vereelsten, an dofir iwwerschaffte Statuten unzehuelen, déi duerno am Mémorial publizéiert goufen.

Wat déi musikalesch Activitéiten ubelaangt: mir hate 40 Prouwen an 13 Concert-ën; doniewent ass op eis traditionnell Participatioun bei der Iechternacher Sprangprëssëssioun hinzeweisen. Speziell ervirzesträichen wir dann d’Organisatioun vun der 22. Journée nationale de l’accordéon ënnert dem Patronage vun der UGDA a vun der Stad Lëtzebuerg, deenen nach eng Kéier Merci ze soen ass fir hir Ënnerstëtzung.

Bei de Prouwen an den Optrëtter gouf et an der Moyenne eng Presenz vun 78%. De President huet den 3 äifregste Musikante eng kleng Unerkennung iwwereecht. Am Laf vun 2015 sinn 2 Neizougäng ze notéieren: den Helmut Esslinger an d’Beate Czech.

E grousse Merci gëllt alle MusikantInnen an dem Comité fir hiirt Engagement an déi gudd Ambiance am Veräin. Ausdrécklech Merci krut de Vic. Kolb gesot fir seng aktiv Hëllef bei der Organisatioun vum Ausfluch am Oktober.

Den Tresorier Brice Junius huet duerno de Keessebestand presentéiert. D’Keess gouf exemplaresch gefouert an d’Finanze si méi wéi nëmme gudd. D’Keesserevisoren hunn dat confirméiert an der Assemblée proposéiert, dem Tresorier d’Decharge ze ginn, wat d’Assemblée eestëmmeg gemaach huet.

De Comité krut dann och d’Decharge fir seng Aarbecht.

Fir d’Deelerneierung vum Comité waren d’Mandater vu Jenni Boettel, Fernand Buchholtz a Monique Feitler z’erneieren. Aus beruffleche Grënn verzicht d’Jenni op säi Mandat. Dien neie Comité setzt sech zesummen aus Fernand Buchholtz, Monique Feitler, Brice Junius, Romain Kraus, Raymond Mahnen, Guy Schmit a Monique Simon.

2016 gëtt och nees en aarbechtsräicht Joer: den Agenda weist schonn 8 Aktivitéite op, zwou dovunner féieren an d’Ausland.

D’SMAL emfielt sech, fir och op Ärem Fest, Bazar oder bei enger anerer Geleeënheet mat engem Bouquet vu bekannten a beléifte Melodien Ärem Public e kuerzweiligen Nomëtteg oder Owend ze bidden.

2016-02-24_00001.jpg (196348 bytes) 2016-02-24_00002.jpg (200019 bytes) 2016-02-24_00003.jpg (193748 bytes)
2016-02-24_00004.jpg (184699 bytes) 2016-02-24_00005.jpg (196150 bytes) 2016-02-24_00006.jpg (218234 bytes)
2016-02-24_00007.jpg (221104 bytes) 2016-02-24_00008.jpg (194311 bytes) 2016-02-24_00009.jpg (188237 bytes)
2016-02-24_00010.jpg (183494 bytes) 2016-02-24_00011.jpg (160487 bytes) 2016-02-24_00012.jpg (174721 bytes)
2016-02-24_00013.jpg (166554 bytes) 2016-02-24_00014.jpg (220531 bytes) 2016-02-24_00015.jpg (197869 bytes)
2016-02-24_00016.jpg (210585 bytes) 2016-02-24_00017.jpg (186056 bytes) 2016-02-24_00018.jpg (185096 bytes)
2016-02-24_00019.jpg (180399 bytes) 2016-02-24_00020.jpg (194405 bytes) 2016-02-24_00021.jpg (208278 bytes)
2016-02-24_00022.jpg (211859 bytes) 2016-02-24_00023.jpg (153302 bytes)
 

Home ] Up ] SMAL-Eis Équipe ] Concerts SMAL ] JA 2023 ] Prouwen / Répétit. ] Newsletter ] Chronik SMAL ] Instrument ] Favorite Links ] Sitemap ] [ E-mail Kontakt ]

Last update 08/03/2016 20:38 /         © dL + rK  - Luxembourg